Ladensäule
Lampenstange
Link_Buttek
Link_Service
Link_Breller
Link_Sport
Link_Audition
Link_Partner

Fuert Dir sou mam Velo???
An Dir sid och ganz sėcher, dat den schéinen Fėsch do absolut harmlos ass ???


Sou Velo fueren ass geféierlech!!!
Neen??!! Dann gėt et déck Zäit, dat mir eis mol gesin! Fir dat Dir Äeren Sport och wierklėch mat Freed kėnnt bedreiwen, sollt Dir anstännėg gesin! Op dat lo dobaussen an der frėscher Loft, an enger Haal oder am, respektiv ėnner Wasser ass, mir sichen no enger individueller Léisung. 

Mir féiren permanent am Lager Outdoor-brėller vun Adidas oder Oakley. Aner Marken op Ufroo. Brėlleglieser (mat Korrektur) vun Rupp & Hubrach passen an bal all gängėg Sportbrėller.
Dat hei ass definitiv keen Goldfėsch !!!

D'Glieser kėnnen mir Iech och mat engem Liesdeel (Fėnsterchen) am Glas montéiren, dann kėnnt Dir ėnnerwee d'Kart oder den Kilometerzieler liesen! Mir bidden Iech och gär mol d'Méiglechkeet, sou en Brėll ze testen ! Alles wat mir brauchen, sin e puer Glieser aus engem "alen" Brėll vun Iech, déi mir nach verschaffen kėnnen.

Schéissbrėller féiren mir vun Champion oder Knobloch, Schwammbrėller mat Korrektur sin keen Problem. An den Higlight: Tauchbrėller mat Korrektur, absolut individuell gemach! Mir vermoossen Iech komplett (wat d'Kucken ubelangt), an lossen den Brėll dann bei der renomméirter Firma Aquatechnic (Rudolf Stehle und Sohn) zu München machen.

Wann et ganz ounie Brėll soll goėn, hėllefen mir Iech natierlėch och gäer mat Austausch-Kontaktlėnsen.

Sport machen heescht sėch selwer weider entweckelen.
Dat machen mir och! Wann mir haut och nach net wėssen, wat fier en Sport Dir bedreiwt, an wéi Äer Ufuerderungen un d'Kucken dofir sin, sou sin mir bereed, et ze léiren! Fäert net, fir eis drop un ze schwėtzen.

An engem Satz: Luxus ass, och bäim Sport net op eng gudd Vue ze verzichten.



[Butték]   [Service]   [Brėller]   [Sport]   [Héiren]   [Partner]  [Plang]   [Impressum]   [Home]