Luxus
ass...
... en Brėll, den net nėmmen gudd ausgesäit, me mat
dem Dir Iech gudd spiert. Dobäi kennt et nėt nėmmen
op excellenten Design un, den eis Partner ze bidden hun. Wėllt
Dir wėssen, mat wiem mir alles schaffen, dann kuckt
ėnnert den Partner-Links.
Den beschten, geckegsten an farwėgsten Modell ass net
méi schéin, wann en net bei Er Hoėr oder Eren
Teint passt.
En gudden Brėll besteet awer net nėmmen aus engem
Gestell! Eng ganz wichtėg Komponent sin:
Déi richteg Glieser...
...vir
an den Brėll. En Thema , iwwert den vill Client'en
dachs nėt gudd oder falsch informéiert sin. Mir gin eis
dovir Méi, Iech och Begrėffer wéi
"Entspiggelung; Multifokal; Phototrop" etc. ze erklären, an
dann zesummen mat Iech déi beschten Konfiguratioun eraus ze
sichen.
Wéi zum Beispill "organėsch" (plastik) Glieser. Si sin
méi liicht, an duerch modern Technik nėt méi so
empfindlėch géint Schréipsen. An d'Präisser
hun trotz Euro eng Tendenz no ėnnen...!
An
engem Satz: Luxus ass
eng gudd an seriös Berodung.
Cool
Sonnebrėller...
...sin un sėch jo
keen Luxus. Luxus ass awer, wann mir Iech en
Sonnebrėll mat Glieser an Äeren
Stärkten schon vun 89,00.- Euro un bidden. Wuel
verstan, den kompletten Brėll! Fir méi Detailer, frot
eis ėm Rot.
Well et jo awer nėt eleng wichteg ass, dat den Brėll cool
ausgesäit, mä virun allem, dat Äer Aėn
derhannert "cool" bleiwen,
féiren mir nėmmen bescht Qualitéit.
Dobäi kennt et nėt nėmmen drop un, dat all Zorten
vun UV-Strahlung erausgefiltert gin.
En gudd
Sonnenschutzglas muss weiderhin och virun
Infrarout-Strahlen schützen. An en Glas, wat nėt neutral
beim Duerch-Kucken ass, mä Verzerrungen erfir rifft, ass jo
wuel och nėt dat "Gielt vum Ee", oder...? Wann et dann och
nach Glieser sin, déi nie briechen, wéi z.B. bei
eisen Oakley, oder
polariséiert
sin, dann ass dat den absoluten Glanz.
An
engem Satz: Luxus ass,
ėmmer den richtėgen Schutz virun den Aėn ze
hun.